Erfahrungsbericht – Was tun nach dem Schulabschluss?

Der Soziale Fortschrëtt sprach mit einem jungen Hochschulabsolventen (Name von der Redaktion geändert), der inmitten der COVID-Pandemie sein Studium abschloss und aktiv nach einer Arbeit suchte.

 

SF: Wou hues du studéiert an däin Ofschloss gemaach?

Pol: Dat war an der Belsch zu Bréissel, op enger Haute-Ecole fir Management, Gestion d’entreprise.

SF: Du hues am Joer 2020 däin Uni-Ofschloss gemaach. War dat duerch Corona méi schwéier, wéis du dir dat virgestallt has?

Pol: Méi schwéier net. D’Uni an d’Proffe sinn eis am Fong scho relativ vill entgéint komm. Fir Si war déi Situatioun deemools eben och nei. Si missten sech selwer mol un déi Situatioun gewinnen. Fir mech war et net méi schwéier. Et war anescht an ech wousst net wierklech, wat ech kéint erwaarden. Zum Beispill fir d’Defense orale vu mengem Memoire, dee war jo dunn online… dat war fir mech e bësse komesch, well ech net wousst, wat erwaart mech, wéi wäert dat goen, wéi wäert dat oflafen an sou weider. Hätt ech déi elo en présentiel gehat, hätt ech och scho kéinte mat Kolleege schwätzen a froen, wéi et bei hinne war, ob wat ee muss oppassen. Mais fir de Recht, méi schwier, denken ech net.

SF: Hues du däin Ofschloss dunn hei zu Lëtzebuerg unerkenne gelooss?

Pol: Unerkenne gelooss hunn ech mäin Diplom hei net, well ech dat fir meng Platz net gebraucht hunn. An éierlech gesot, weess ech do net genau, wéi d’Prozedure sinn, mä ech menge fir d’Belsch, fir dat Fach, wat ech studéiert hunn, brauch een dat net. Ech mengen, dat ass éischter, wann een zum Beispill Droit studéiert huet oder an anere Länner, mä sou genee hunn ech mech do net informéiert.

SF: Wär et gutt gewiescht, doriwwer eventuell méi Informatiounen ze kréien um Enn vun denge Studien?

Pol: Jo ganz kloer, well, wéi gesot, ech weess elo nach ëmmer net mat Sécherheet, ob ech dat muss maachen a wéi ech dat misst maachen. Ech weess just, dass et fir verschidde Fächer obligatoresch ass. Mä dann nach, ech wéisst net u wien ech mech misst wenden. Dat heescht, fir do eng genau Richtlinn ze hunn, wier definitiv hëllefräich.

SF: Wei ass et viru gaangen? Hues du direkt ugefaange no enger Aarbecht ze sichen oder hues du nach no Alternative gesicht, fir eppes dertëscht ze maachen?

Pol: Ech wollt relativ zäitno eng Aarbecht fannen an och schaffe goen. Ech wollt elo kee „Gap Year“ oder eppes Änleches maachen, wat der jo vill maachen. Dat war net a mengem Sënn. Am Endeffekt huet et dunn awer méi laang gedauert wei geduecht, fir eng Aarbecht ze fannen, déi mech interesséiert a wou ech och eng Aart „Plus-value“ kéint sinn fir d’Entreprise. Ech hunn deemno relativ direkt no menger Uni ugefaangen eng Aarbecht ze sichen, mä et war och grad an der Vakanzenzäit, dat heescht vill Entreprisë waren entweder ganz zou oder en Effectif réduit. Dat heescht, oft krut ech keng direkt Äntwert, mä réischt 3-4 Wochen dono. Dofir war dat schwéier an dann och eben, well zu deem Zäitpunkt déi ganz Corona-Pandemie lassgaangen ass. Doduerch huet dat Ganzt sech relativ an d’Längt gezunn.

SF: Hues du dech och bei der ADEM ageschriwwen, fir Hëllef ze kréien?

Pol: Vue dass eng Vakanz geplangt war an dass een, wann een sech bei der ADEM aschreift,^si muss au courant halen, wéini een d’Land verléisst an sou weider, krut ech geroden, ze waarde bis ech aus der Vakanz zeréck wier, fir mech unzemellen. Dat hunn ech dunn och gemaach, dat war ongeféier 1 Mound no mengem Ofschloss. Dat klappt alles och zimmlech gutt, ech krut um Telefon alles erkläert an misst e puer Froe beäntwerten. Et kritt een eng E-Mail de confirmation an e Rendezvous mat engem Consultant vun der ADEM.

SF: Wéi hues du dech op d’Demanden an d’Virstellungsgespréicher virbereet?

Pol: Mir haten op der Uni am Fong scho relativ vill Kueren doriwwer. Dat war zemools an de Sproochekueren, wou mir zesumme gekuckt hunn, wéi eng Froe gestallt ginn, wéi ee säi CV opstellt an seng Lettre de motivation a sou weider. Do hat ech schonn eng kleng Basis. Mir haten zum Beispill am 3. Joer och en Oral „bilingue“, dat heescht op Englesch an a mengem Fall Däitsch, dat war eng Simulatioun vun engem Virstellungsgespréich. An do misste mir och ëmmer switche vun Englesch op Däitsch. Doduerch an och mat de Stagen hat ech schonn eng kleng Iddi, wat mech erwaart. Fir de Recht hunn ech mech op Google informéiert an duerch de Guide vun der ADEM, wie eng Froe gestallt ginn, ech hunn mir Saache rausgeschriwwen.

SF: Op der Sich no enger Aarbecht, hues du dir do jeemools Gedanken iwwer Gewerkschafte gemaach?

Pol: Am Fong net. Ech sinn deemools och net op de Gedanke komm, dass ech do kéint Informatioune fannen, déi mir weider hëllefen. Fir mech waren dat éischter Gedanken, déi een sech meescht, wann ee bis eng Platz huet.

SF: Hues du dech entretemps bei enger Gewerkschaft ageschriwwen?

Pol: Jo.

SF: Weis du deen éischten Aarbechtskontrakt virgeluecht krus, wosst du, ob wat een do misst oppassen?

Pol: Bei mir war et esou, dass ech gefrot gouf, fir direkt z’ënnerschreiwen. Mir sinn dunn de Kontrakt zesummen duerchgaangen. Dat huet mech rassuréiert, well ech sot, ech ënnerschreiwen näischt, wat ech net gelies hunn. Dat heescht, do war ech scho bësse rassuréiert, dass elo keng komesch Klausel dra wier. Mä am Detail, Klengegkeete wiere mir awer warscheinlech net opgefall. Sou detailléiert kënnen ech den Droit du travail net. Do wier et effektiv gutt gewiescht méi Infoen ze hunn.

SF: Deng Proufzäit ass elo eriwwer, dat heescht, du hues manner wéi 1 Joer gebraucht, fir eng fest Aarbechtsplaz ze fannen? Ass dat am Verglach mat aneren
d‘Regel?

Pol: Dat hänkt wierklech dovun of. Kolleegen, déi keen Uni Ofschloss hunn a méi oppe ware, beim Domaine an deem se wëlle schaffen, hunn relativ séier eppes fonnt. Si kruten och vun der ADEM direkt Formatiounen ugebueden. An wärend deene Formatioune kruten se och zäitno eng Offer. Wann ech mat Kolleege vun der Uni vergläichen, ass et bëssi schwiereg, well déi meescht an der Belsch sinn. Mä beim Gros ass et selwecht wéi hei, si hunn gréisstendeels och relativ laang gebraucht, fir eppes ze fannen. Am grousse Ganzen, grad elo mam COVID, sinn der och vill, déi e CDD oder en Interimsposte fonnt hunn. Vue dass eis Uni am Fong mat engem Stage ophält, ginn et vill Entreprisen, déi d‘Stagiairen dann dono direkt astellen. En Moyenne, denken ech, louche mir bei em déi 2-3 Méint, wann net esou guer méi, fir eng Aarbechtsplaz ze fannen.

SF: Wann’s du elo zeréck kucks op déi ganz Prozeduren, hues du eng lescht Consigne fir Jonker, déi no der Schoul op der Sich no enger Aarbecht sinn?

Pol: Wat een net soll maachen, ass sech ze soe „ok ech hunn elo mol en Virstellungsgespréich, ech halen elo op mat sichen“. Well en Virstellungsgespréich ass nach ëmmer keng sécher Saach. Et sinn der vill, déi de Feeler maachen an ob eng Äntwert vum Gespréich waarden, mä dat sinn awer heiansdo 3 bis 4 Wochen, déi da verginn, wou een extrem vill Zäit verléiert. Also net ophale mat sichen an och realistesch sinn an der Sich. Et huet kee Sënn, sech fir eng Platz ze melle, wou d’Kompetenze fir an hannen net duerginn, wéi eng Senior Platz oder sou. An d’Motivatioun net opginn, och wann et laang dauert, well deemno a wei engem Domaine een eppes sicht dauert et extrem laang, well just eng eenzeg Platz fräi ass.

Zurück zur Übersicht