Steiererklärung: Ni méi Avancen bezuelen ? Keen Problem!

Am Prinzip ginn bestuete Koppelen d‘office zesummen an der Steierklass 2 besteiert: deen ee Partner gëtt nom reelle Steiertaux taxéiert an deen anere Partner mat 15 %. Well dësen Taux vun 15 % all ze dacks dann awer ënnert dem reelle Steiertaux leit, mëscht d’Steieramt um Enn des Jores eng Neiberechnung, déi dozou  féiere kann, dass vill Koppelen  d’Joer iwwer Avancen bezuele mussen.

Säit dem Aféiere vun der individueller Besteierung op den 1. Januar 2018 kann dëst awer geännert ginn. Och wann bestuete Koppelen nach ëmmer d’office an der Steierklass 2 besteiert ginn, kënnen si elo eng individuell Besteierung mat Reallocatioun vun Revenuen ufroen.  Heibäi gëtt ee Steiertaux an der Steierklass 1 entspriechend der Gesamtsituatioun vum Haushalt berechent, deen dann op deenen 2 Steierkaarten agedroe gëtt.

Esou entfällt de Steiersaz vun 15 % an déi dono an der Steierklass 1 geschellte Steiere ginn direkt um Enn vum Mount vun dem Salaire oder der Rent ofgehalen. Duerch dëst direkt Bezuele vun der geschellte Steiere muss een zwar ob all Salaire oder Rent en bëssi méi un d’Steieramt ofginn, mee doduerch ginn déi trimesteriell Avancen iwwerflësseg.

Bestuete Koppelen, déi sech fir eng individuell Besteierung entscheet hunn, mussen dann och eng Steiererklärung ofginn, fir d’Abattementen an Steierreduktioune kënnen unzefroen.

Falls Dir och elo Är Besteierungsmethod fir d’Joer 2020 wëllt änneren, musst Dir dat unhand vum Formular 166 vum Steieramt maachen. Äre Choix kann awer och nees réckgängeg gemaach ginn.

Mee wéi gesäit dann elo Är perséinlech Situatioun aus? Wat ass besser, eng gemeinsam Besteierung an der Steierklass 2 oder eng individuell Besteierung an der Steierklass 1?

Den LCGB bitt senge Memberen eng Simulatioun vun deenen 2 Fäll fir all perséinlecher Situatioun un, fir erauszefannen, wéi eng Besteierung am favorabelsten ass. Den LCGB hëlleft och beim Ausfëlle vun der Steiererklärung an der Demande fir ee Changement vun der Besteierungsmethod.

https://lcgb.lu/assistance-en-vie-privee/services-fiscaux-du-lcgb

 

Zurück zur Übersicht