Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Uelzecht/Sirdall

Den 5. Mäerz 2019 huet d’Generalversammlung vun der Lokalsektioun Uelzecht/Sirdall am Restaurant Delicious zu Sandweiler stattfonnt. No der Begréissungsried vum Sektiounspresident, Aloyse KOERNER, huet de Sekretär a Caissier, Claude PLACHUTA, den Aktivitéits- a Keesebericht virgedroen.

Uschléissend huet den LCGB-Generalsekretär, Francis LOMEL eng Ried iwwert aktuell gewerkschaftlech Theme gehalen an ass virun allem op d’Sozialwahlen vum 12. Mäerz 2019 agaangen.

D’Generalversammlung gouf mat engem gemeinsamen Iessen ofgeschloss.

Zurück zur Übersicht