LCGB-Sektioun Rëmeleng: Laangjärege Vize-President geéiert

De Comité vun der LCGB-Sektioun Rëmeleng hat sech den 13. Mee 2017 zesummefonnt, fir sengem laangjärege Vize-President dem René CHARPANTIER Merci ze soe, fir seng geleeschten Déngschter am LCGB.

Bei dëser Geleeënheet ass de Sektiounspresident op dem René säi Schaffen an op seng Mandater am LCGB agaangen an huet him am Numm vun der Sektioun e passende Kaddo iwwerreecht.

De Generalsekretär vum LCGB, Fränz Lomel, huet dem Kolleg René och am Numm vum LCGB National Merci gesot an och e Kaddo vun der Zentral iwwerreecht.

Des Feierstonn ass mat engem gemittlechen Iessen ofgeschloss ginn, bei dem sech an enger komerodschaftlecher Atmosphär un sou munch Anekdot erënnert gouf.

Een häerzleche Merci nach emol un de René, fir all seng geleeschten Déngschter fir den LCGB.

Zurück zur Übersicht