Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Uelzecht/Syrdall

Freides, den 1. Abrëll 2016 huet d’Generalversammlung vun der Lokalsektioun Uelzecht/Syrdall am Poarzentrum zu Sandweiler stattfonnt.

No der Begréissungsried vum Sektiounspresident Aloyse KOERNER huet den Sekretär a Caissier Claude PLACHUTA den Aktivitéits an Keessebericht virgedroen.

No dënnen béiden Virträg huet den LCGB-Gewerkschaftssekretär Carlo WAGENER een Referat iwwert dem LCGB seng Servicer souwéi aktuell gewerkschaftlech Themen gehalen.

Dono goufen nach verschidden Memberen fir hei trei Memberschaft am LCGB geéiert. D’Generalversammlung gouf mat engem gemeinsamen Iessen ofgeschloss.

Zurück zur Übersicht