Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Dippech

Den 4. Februar 2016 huet am Centre Culturel zu Dippech d’Generalversammlung vun der Lokalsektioun Dippech stattfonnt. Eng ronn 80 Memberen hunn dësen Owend deelgeholl.

Den LCGB-Gewerkschaftssekretär Carlo WAGENER huet en Virtrag iwwert aktuell gewerkschaftlech Themen gehalen, ausserdeem goufen nach verschidden Memberen fir hier laangjäreg Memberschaft ausgezeechent.

Fir 20 Joer: Becker Carlo, Birchen Antoinette, Di Primo Luigi

Fir 30 Joer: Lux Nic

Fir 40 Joer: Thelen Fernand

Fir 50 Joer: Gregorius Fernand, Quintus Adrien

Den Comité vun der Sektioun Dippech seet jidderengem villmools Merci fir déi enorm Ënnerstëtzung a Bedeelegung op der desjähreger Generalversammlung.

Retourner vers la liste