LCGB-Sektioun Atert: Fëscherdag 2012

Et ass elo schonn eng flott Gewunnecht ginn fir all Joer erem e puer gemittlech Stonnen an der Natur ënner Kollegen ze verbréngen an dofir treffe mir eis wéi gewinnt den 22. Juli um 7:30 Auer um Weier Mechelbaach zu Ierpeldeng bei Ettelbréck.

Et as kee Präisfeschen, et geet just em de Spaass.

De Permis fir de ganzen Dag ze fësche kascht 18 €.

Am Règlement vum Weier sinn erlaabt: Mielmueden, Fleeschmueden, Beielarven (kritt een um Weier).

Net erlaabt sinn: Ellercher, Lëffel, Plastik, asw.

Als Mëttegiesse ka bestallt ginn:

Menu 1: Fierkelshämchen mat Fritten an Zalot, Dessert a Kaffi (20 €)

Menu 2: Ham mat Fritten an Zalot, Dessert a Kaffi (20 €)

Selbstverständlech sidd dir och wëllkomm um Iesse wann dir net fësche kommt!!!

Umelle w.e.g. bis spéitstens de 15. Juli 2012 beim Gast RAPOSO um Telefonsnummer +352 23 62 05 53 (no 18:00 Auer) oder beim Jean POULL um Telefonsnummer +352 23 62 19 35 an ugi wéi vill Fëscher a / oder wat fir e Menu: 1 oder 2.

Bezuelt gëtt um Weier beim Jean POULL.

Bis dohin an hoffentlech bei guddem Wieder a gudder Laun!

Zurück zur Übersicht