1. Mee-Usproch vum LCGB-Nationalpresident

Méi wéi 1.700 Memberen, Delegéierten a Militante vum LCGB sinn haut op Réimech komm, vir hir Solidaritéit ze weisen, géint eng Regierungspolitik op Käschte vun de Salariéen.

No engem Videomessage vun der OGBL-Presidentin Nora BACK, huet den LCGB-Nationalpresident, Patrick DURY a senger traditioneller Ried un d’Wichtegkeet vum gesellschaftlechen Zesummenhalt an dësen erausfuerderenden Zäite rappeléiert. Lëtzebuerg brauch eng kohärent Wirtschafts- a Sozialpolitik, déi dëst Land an d’Leit viru bréngt.

Kritik gouf et och un der Passivitéit vun der Regierungspolitik vun de leschten zwee an en halleft Joer: Sou bleift z.B. eng strukturell Erhéijung vum Mindestloun, déi de Mënschen en dezent Liewen an d’Stäerkung vun der sozialer Kohäsioun géif erméiglechen, aus. Zwee an en halleft Joer ouni Verbesserung fir d’Leit aus dem Privatsektor.

Hei stellt sech och d’Fro wéi et mat der solidarescher Krankeversécherung weider goe soll? Gëtt eng Zwouklassemedezin präparéiert ? D’Unioun vun de Gewerkschaften OGBL-LCGB wäerten dat net zouloossen an ass prett fir ze handelen.

Entdeckt hei déi ganz Ried:

thumbnail of 2026 05 01 Discours 1er Mai Patrick DURY (LU) VF Presse

 

 

 

 

Zurück zur Übersicht