38. Quetschefest vun der LCGB-Sektioun Gemeng Suessem

Ewéi all Joer hat d’LCGB-Sektioun Gemeng Suessem hiert Quetschefest den 22. September 2019 zu Suessem an der Hal. Eng ronn 100 Leit waren um Iessen an hunn e flotte Mëtteg mat musikalescher Begleedung vum Rol GIRRES verbruecht. No aler Traditioun hat d’Sektioun mat eisen Comitésmemberen och erëm Quetschekraut gekacht an konnten iwwer 1000 Glieser esou um Fest an och a verschiddene Butteker aus der Gemeng verkafen.

Zurück zur Übersicht