Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Museldall

Den 21. Februar 2019 war d’Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Museldall. Eng ronn 55 Memberen hunn sech an der „Buvette op Flohr“ zu Gréiwemaacher zesummefonnt. Den LCGB-Nationalpresident Patrick DURY huet ee Referat iwwert aktuell gewerkschaftlech Theme gehalen an ass virun allem op d’Sozialwahlen vum 12. Mäerz agaangen. D’Versammlung ass mat engem gemeinsamen Iessen ofgeschloss ginn.

Zurück zur Übersicht