36. Schluechtfest vun der LCGB-Sektioun Gemeng Suessem

Den 14. Januar 2018 huet dat 36. Schluechtfest vun der Sektioun Gemeng Suessem stattfonnt. Bei enger gudder Choucroute als Mëttegiessen hunn sech ronn 160 Leit afonnt, fir zesummen e flotten Nomëtteg ze verbréngen.

No dem Iessen ass nach fir flott Animatioun gesuergt ginn. Deen groussen Erfolleg vun dësem 36. Schluechtfest encouragéiert d’LCGB-Sektioun Gemeng Suessem fir weider Aktivitéiten ze organiséieren.

Zurück zur Übersicht