D’LCGB-Sektioun Eischen fiert op Mons

Den 16. an 17. September 2017 war et nees esou weit. Den alljäerlechen Tour vun der Sektioun Eischen stoung virun der Dier.

51 Memberen hun an dem Ausfluch op Mons deelgeholl. Den éischte Stopp war zu Strèpy Thieu beim weltwäit gréisste Schëffshebewierk. Eng Film huet Entstehung a Planung vun dësem Megawierk erkläert an uschléissend gouf op engem Schëff bei herrlechem Wieder an Hebewierk era gefuer, fir da mam Schëff 73m an Héicht gehuewen ze ginn.

No dem ganz interessanten Dag as d’Grupp op La Louviére weider gefuer.

Sonndegmoies as et weidergaangen op Dinant, wo d’Besichtegung vun der berühmt Citadelle op em Programm stoung. De Musée vum Adolphe Sax war ee weideren Highlights.

Zurück zur Übersicht