Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Eischen

Den 10. Februar ass déi desjäreg Generalversammlung ass mat der Begréissung an der Leedung vum Sektiounspresident, Patrick DECKER, opgemaach ginn, duerno huet den Sektiounssekretär, Fernand GAASCH, den Aktivitéitsbericht vum vergaangene Joer virgedroen.

D’Sektiounskässieren, Sylvie LOMMEL-RIEFF, huet de Keesebericht virgedroen, den duerno vun de Keeserevisore Benno JANSE an Yvan LOMMEL guttgeheescht gouf.

Den LCGB-Nationalpresident, Patrick DURY, huet dësen Owend een Referat iwwert aktuell gewerkschaftlech Theme gehalen, ausserdeem goufe verschidde Membere fir hier trei Memberschaft geéiert.

Des Generalversammlung ass mat ronn 60 Leit bei eng Owendiessen an engem gudde Patt gemittlech op en Enn gaangen.

Zurück zur Übersicht