Fir ee staarken Kollektivvertrag an de Südgemengen am Interessi vun den Salariéen!

Den LCGB a seng Memberen an Delegéierten ënnerstëtzen d’Ëmsetze vum Kollektivvertrag an de Südgemengen, a si prinzipiell mat der Substanz vun dësem averstanen. Dozou huet den LCGB a seng Memberen an Delegéierten hiren Accord ginn, an ass deemno bereet, de néie Kollektivvertrag ze ënnerschreiwen.

AWER:

Den LCGB veruerteelt op d’schäerfst d’Schaffens Aart a Weis vu bestëmmten involvéierte Parteien, déi sech heemlech getraff an déi aner einfach mol bausse vir gelooss hunn. Et geet duer mat dem Gemauschels!
Respektéiert de sozialen Dialog!

Verhandlungen an engem Kollektivvertrag si gemeinsam Verhandlungen, déi oppen an transparent gefouert musse ginn. Dat ass mam OGBL net geschitt! Dofir huet de LCGB am Numm vu sengem Memberen an Delegéierten den 8. Juli ee Bréif un de President vun der Verhandlungskommissioun, Dan CODELLO, geschéckt, fir kloer ze maachen, dat ee Kollektivvertrag net zu engem Mëttel vu politesche Manoeuvren soll ginn. De LCGB ënnerstëtzt keng politesch Spillercher! Eng Gewerkschaft representéiert d’Interessi vun hire Memberen an net déi vun enger politescher Partei!

Hei kann een sech och froen, ob d’Resultat um Niveau vum Kollektivvertrag net méi positiv hätt kéinte sinn, wann den LCGB mat um Verhandlungsdësch gesiess hätt? Huet den OGBL wierklech dat Bescht erausgeholl,
nodeems méintelaang keng Verhandlunge waren, an elo op eemol alles huet misse ganz schnell goen?

Dofir fuerdert den LCGB:
• E korrekten a verbesserte Kollektivvertrag!
• Déi beschten Aarbechtskonditiounen am Interessi vun all de Salariën!
• Gemeinsam Verhandlungen, déi de Mënsch an de Mëttelpunkt stellen!

Zurück zur Übersicht