Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Stausee

Den 16. Februar 2019 huet am Veräinshaus zu Harel d’Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Stausee stattfonnt. Eng ronn 60 Memberen hunn dësen Owend deelgeholl.

Den LCGB-Nationalpresident Patrick DURY huet eng Ried iwwert aktuell gewerkschaftlech Theme gehalen an ass virun allem op d’Wichtegkeet vun de Sozialwahlen agaangen. Ausserdeem goufen eng Rei Sektiounsmemberen hier fir trei Memberschaft am LCGB geéiert.

Retourner vers la liste