Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Déifferdeng/Käerjeng

Den 9. Februar 2019 huet déi traditionell Generalversammlung vun der Lokalsektioun Déifferdeng/Käerjeng stattfonnt. Eng ronn 140 Memberen hunn dësen Dag de Wee an d’Hall de la Chiers op Déifferdeng fonnt.

Nieft dem Aktivitéits a Keesebericht konnten eng Partie Membere fir hier trei Memberschaft am LCGB geéiert ginn. Am Uschloss huet den LCGB-Nationalpresident Patrick DURY ee Referat iwwert Wichtegkeet vun de Sozialwahlen 2019 gehalen.

Retourner vers la liste