Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Rëmeleng

Den 1. Februar 2019 konnt de Sektiounspresident Romain HEINZ ronn 50 Memberen an enger gemittlecher Atmosphär fir d’Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Rëmeleng am Veräinshaus zu Rëmeleng begréissen.

Nom Aktivitéitsbericht vum Joer 2018, ass de Keesebericht 2018 virgedroe ginn an den LCGB-Generalsekretär Francis LOMEL huet ee Referat iwwert aktuell gewerkschaftlech Theme gehalen. Ausserdeem konnten nach eng Réi Memberen fir hier laangjäreg Memberschaft am LCGB geéiert ginn.

D‘Generalversammlung ass mat engem gemeinsamen Iessen a puer gemittleche Stonnen ofgeschloss ginn.

 

Retourner vers la liste