Ausseruerdentlech Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Iechternach

Den 16. Januar 2019 huet am Hotel-Restaurant „le bon Repos“ zu Scheedgen déi ausseruerdentlech Generalversammlung vun der Sektioun Iechternach stattfonnt.

De President vum LCGB-Bezierk Osten/Zentrum, Nico HOFFMANN, huet déi ronn 50 uwiesend Memberen an enger flotter Atmosphär begréisst. Et konnten ausserdeem nach eng rei Membere fir hier laangjäreg Memberschaft am LCGB geéiert ginn.

Den LCGB-Nationalpresident Patrick DURY huet als Ofschloss eng Ried iwwert d’Wichtegkeet vun de Sozialwahle vum 12. Mäerz 2019 gehalen.

Retourner vers la liste