Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Habscht

Den 7. Dezember 2018 huet am Centre Polyvalent zu Habscht d’Generalversammlung vun der Lokalsektioun Habscht stattfonnt. De Sektiounspresident Guy BRITZ konnt eng ronn 50 Memberen dësen Owend begréissen.

Nieft dem Aktivitéits a Keesebericht huet den LCGB-Nationalpresident Patrick DURY nach ee Referat iwwert aktuell gewerkschaftlech Theme gehalen. Den Owend ass dunn mat engem gemeinsamen Iessen an e puer gemittleche Stonnen ofgeschloss ginn.

Retourner vers la liste