Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Biekerech

Den 30. November 2018 konnt de Sektiounspresident Alphonse WAGNER eng ronn 45 Memberen am Café „Gaspar Chez Teresa et Gloria“ zu Nidderpallen op der Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Biekerech begréissen. Nieft dem Aktivitéitsbericht vum Sekretär, Marco GOERENS, an dem Bericht vum Caissier, Siggy WEISGERBER, konnten eng Partie Membere fir hier trei a laangjäreg Memberschaft am LCGB geéiert ginn. Ofschléissend huet den LCGB-Generalsekretär, Francis LOMEL ee Referat iwwert Digitaliséierung an seng Erausfuerderunge gehalen.

Retourner vers la liste