Den LCGB-EISCHEN war op Heidelberg an op Speyer

Den 15. an 16. September 2018 war et nees esou weit. Den alljäerlechen Tour vun der Sektioun Eischen stoung  virun der Dier. Moies frei sinn 53 Membere mam Bus iwwert Mannheim op Heidelberg gefuer.

Nodeems mir eis ënnerwee mat Kaffi a Croissante gestäerkt haten, si mir an der Alstad vun Heidelberg  ukomm, wou mir all zesumme mat der Bergbahn op d‘Schlass erop gefuer si fir dëst an den den Apothekenmuseum ze besichtegen.

Een Highlight war sécherlech och déi impressionnant Panoramavue op Heidelberg. Bei herrlechem Wieder ass et dunn an d‘Alstad gaangen, fir eppes Klenges iessen an déi 1,6 km laang Akafsstrooss an Ugrëff ze huelen. Nodeems mir am Hotel agecheckt waren, hunn mir bei enger Partie Boule am Béiergaart den Apero agestëmmt.

Nom gelongene Menü, ass den Owend op der Terrasse bei engem gemittleche Patt ausklénge gelooss ginn. Sonndesmoies ass et dunn no engem wonnerbarem Buffet weidergaangen op Speyer, wou mir de beschtbekannten Technikmuseum besichtege waren.

No engem gudde Mëttegiesse mat pfälzesche Spezialitéiten an der Brauerei Domhof, si mir iwwert de gréisste Bauerenmaart aus  der Pfalz getrëppelt an och e Besuch vum Kaiserdom, der gréisster romanescher Kierch aus Europa, stoung um Programm.

Retourner vers la liste