Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Eischen

Freides, den 25. Mee 2018, huet d’Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Eischen am Centre Culturel „um Denn“ zu Eischen stattfonnt. De Sektiounspresident Patrick DECKER konnt eng ronn 60 Léit begréissen.

No dem Aktivitéits- a Keesebericht, huet den LCGB-Generalsekretär Francis LOMEL ee flott Referat iwwert aktuell gewerkschaftlech Theme gehalen. D‘Generalversammlung ass bei engem Owendiessen an engem gudde Patt gemittlech op en Enn gaangen, wou d’Sektioun mat den uwiesende Memberen hier 70 Joer geféiert huet.

Retourner vers la liste