Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Rëmeleng

De 26. Januar 2018 konnt de Sektiounspresident Romain HEINZ ronn 45 Memberen an enger gemittlecher Atmosphär fir d’Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Rëmeleng am Veräinshaus zu Rëmeleng begréisse kënnen.

No dem Aktivitéitsbericht vum Joer 2017 ass de Keesebericht virgedroe ginn an den LCGB-Generalsekretär Francis LOMEL huet ee Referat iwwert aktuell gewerkschaftlech Theme gehalen. D‘Generalversammlung ass mat engem gemeinsamen Iessen a puer gemittleche Stonnen ofgeschloss ginn.

Retourner vers la liste