Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Beetebuerg

Den 1. Dezember 2017 huet déi desjäreg Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Beetebuerg am Veräinshaus zu Beetebuerg stattfonnt. De Sektiounspresident Pit KOPP huet déi ronn 45 uwiesend Memberen dësen Owend an enger gemittlecher Atmosphäre begréisst.

Duerno huet d’Sekretärin Marianne STEHMEIER den Aktivitéitsbericht an den Caissier Rudy WEBER de Finanzbericht vun dësem Joer virgedroen. Uschléissend huet de President vum Bezierk Süden, Fernand SEYLER, de Comitésmembere fir hier gutt Aarbecht Merci gesot.

Den LCGB-Generalsekretär Francis LOMEL, huet ofschléissend ee Referat iwwert aktuell gewerkschaftlech Theme gehalen.

Retourner vers la liste