Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Gemeng Suessem

Freides, den 10. Mäerz 2017 huet d’Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Gemeng Suessem am Parhaus zu Bieles stattfonnt. Eng gutt 90 Léit waren uwesend fir iwwert aktuell Situatioun an d’Aktioune vun der Lokaler Sektioun informéiert ze ginn.

Den LCGB-Nationalpresident Patrick DURY huet a senger Ofschlossried iwwert déi gutt a wichteg Aarbecht vun de lokale Sektioune sowie sozialpolitesch Themen, wéi der Aarbechtslosegkeet an de verschiddenen aktuellen Reforme geschwat.

Ausserdeem goufen nach Membere fir hier trei a laangjäreg Memberschaft am LCGB ausgezeechent.

Retourner vers la liste