Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Nidderaanwen

Den 24. Februar 2017 konnt de Sektiounspresident Marc THEKES ronn 40 Memberen an Invitéen an der Lorettos Kapell um Sennengerbierg zur Generalversammlung begréissen.

No dem Aktivitéitsbericht souwéi dem Keesebericht huet den LCGB-Gewerkschaftsvertrieder Carlo WAGENER ee Referat iwwert aktuell gewerkschaftlech Theme gehalen. D’Generalversammlung ass a gemittlecher Ronn mat engem gemeinsamen Owesiessen ofgeschloss ginn.

Retourner vers la liste