Trëppeltour an Thé Dansant vun der LCGB-Sektioun Kayl/Téiteng

Sonndes, den 8. Mee 2016 huet d’LCGB-Sektioun Kayl/Téiteng een Trëppeltour mat uschléissendem Thé Dansant organiséiert.
Bei guddem Wieder hunn sech eng 30 Membere bei der Léiffrächen getraff fir ee flotten Trëppeltour duerch Kayl.
No dem Trëppeltour gouf et dann am Veräinshaus „um Widdem“ ee gemeinsamt Iessen. Uschléissend un d’Iessen ass et dann och direkt weider gaange mat dem Thé Dansant.
Bei flotter Musik vum DJ Romain Kerschen konnten sech déi uwiesend Membere gutt amuséieren an e puer flott Stonnen zesumme verbréngen.

Retourner vers la liste