Schluechtfest vun der LCGB-Sektioun Esch/Uelzecht

Sonndeg, den 20. Mäerz 2016 huet dat destjähregt Schluechtfest vun der Sektioun Esch/Uelzecht stattfonnt.

Bei enger gudder Choucroute an engem Stéck Taart fir d’Mëttegiessen hunn sech ronn 70 Leit afonnt fir zesummen e flotten Nomëtteg ze verbréngen. No dem Iessen gouf et ausserdeem nach eng Tombola.

Deen groussen Erfolleg vun dësem Schluechtfest encouragéiert d’LCGB-Sektioun Esch/Uelzecht fir weider Aktivitéiten ze organiséieren.

Retourner vers la liste