Generalversammlung vun der Lokalsektioun Esch/Uelzecht

Freides, den 18. Mäerz 2016 huet bei ronn 70 Léit d’Generalversammlung vun der Sektioun Esch/Uelzecht stattfonnt. Op hirer desjähreger Generalversammlung huet d’Sektioun an hirem Aktivitéitsbericht hier vill a flott Aktivitéiten vum Gewerkschaftsjoer 2015 opgelëscht.

Den LCGB-Nationalpresident Patrick DURY huet dëst Joer een interessant Referat iwwert d’Aktualitéiten vum gewerkschaftlechen an sozialpoliteschem Beräich gehalen, no der Ried ass hien dann op verschidden Froen vun den uwiessenden Memberen agaangen.

Den LCGB ass frou esou eng aktiv Sektioun ze hunn an hofft weiderhin op eng gutt Zesummenaarbecht mat der Lokalsektioun Esch/Uelzecht.

Retourner vers la liste