Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Diddeleng

De 17. Mäerz 2016 huet am Centre Hild zu Diddeleng d’Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Diddeleng stattfonnt. Eng 65 Memberen a Sympathisanten hunn sech dësen Owend Zäit getraff an e puer Stonnen bei enger interessanter Generalversammlung verbruecht.

Den LCGB-Nationalpresident Patrick DURY huet een Referat iwwert gewerkschaftlech a sozialpolitesch Themen gehalen (wéi zum Beispill d’Steierreform), ausserdeem goufen verschidden Memberen fir hier laangjäreg Memberschaft am LCGB geéiert.

Retourner vers la liste