Schluechtfest vun der LCGB-Sektioun Gemeng Suessem

De Sonndeg, den 10. Januar 2016 huet dat 34. Schluechtfest vun der Sektioun Gemeng Suessem stattfonnt. Bei enger gudder Choucroute fir d’Mëttegiessen hunn sech ronn 130 Leit afonnt fir zesummen e flotten Nomëtteg ze verbréngen. No dem Iessen ass nach en Kaartenturnéier organiséiert ginn.

Deen groussen Erfolleg vun dësem 34. Schluechtfest encouragéiert d’LCGB-Sektioun Gemeng Suessem fir weider Aktivitéiten ze organiséieren.

Retourner vers la liste