De Schäfferot an d’Integratiounskommissioun vu Rëmeleng haten den Dënschdeg, den 2. Februar 2016 op eng „Wëllkomm-Zeremonie“ fir déi nei Rëmelenger Bierger invitéiert.
Hei konnten Veräiner, Parteien a Gewerkschaften aus der Stad Rëmeleng sech presentéieren.
D’LCGB Sektioun Rëmeleng war och mat engem Informatiounsstand vertrueden a konnt sech iwwert e groussen Interessi vun de Rëmelenger Leit erfreeën.
Retourner vers la liste