Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Biekerech

Den 30. November 2019 konnt de Sektiounspresident Alphonse WAGNER eng ronn 25 Memberen am Café Gaspar zu Nidderpallen op der Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Biekerech begréissen. Nieft dem Aktivitéitsbericht vum Sekretär, Marco GOERENS, an dem Bericht vum Caissier, Siggy WEISGERBER, konnten eng Partie Membere fir hier trei a laangjäreg Memberschaft am LCGB geéiert ginn. Ofschléissend huet den beiguerdneten Gewerkschaftssekretär, Carlo WAGENER ee Referat iwwert dem LCGB seng Servicer an Prestatiounen gehalen.

Retourner vers la liste