Den LCGB-EISCHEN war op Roermond

Den 14. an 15. September 2019 war den alljärlechen Tour vun der LCGB-Sektioun Eischen. Moies frei goung et mam Bus mat 53 Memberen iwwer Verviers op Roermond, fir do bei herrlechem Wieder en Tour iwwert de Maart zu Roermond ze maachen.

Duerno stoung Shopping a Seaside um Programm, als éischt an duerno d’Stad mat hirem Doum, hire sëllegen Terrassen, Geschäfter an dem Hafen. An als zweet ass et am Designer-Outlet Center Roermond mat sengen 200 Geschäfter op d’Juegd no deene beschten Affäre gaangen.

Sonndes Moies ass et dunn weidergaangen an „déi wäiss Stadt Thorn“. No der Visitt vun deene flotte Gaassen, stoung den Dräilännereck zou Vaals nach um Programm, wou déi schwindelfräi Leit um Skywalk mat 34 Meter Héischt iwwert eng gliese Plaque konnten trëppelen an vum héchste Bierg vun Holland d’Aussicht genéisse konnten.

Retourner vers la liste