Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Mondorf/Altwies

Den 22. Februar 2019 waren eng 60 Memberen zesumme komm fir d’Generalversammlung vun der Lokalsektioun Mondorf/Altwies. Den LCGB-Generalsekretär Francis LOMEL huet ee Referat iwwert aktuell gewerkschaftlech Theme gehalen. Et konnten ausserdeem nach eng Rei Membere fir hier laangjäreg Memberschaft geéiert ginn. D’Generalversammlung ass mat engem gemeinsamen Iessen an e puer gemittleche Stonnen ofgeschloss ginn.

Retourner vers la liste