Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Beetebuerg

Den 7. Dezember 2018 huet d‘Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Beetebuerg am Veräinshaus zu Beetebuerg stattfonnt. De Sektiounspresident Pit KOPP huet déi ronn 40 uwiesend Memberen an enger gemittlecher Atmosphäre begréisst, iert d’Sekretärin, d‘Marianne STEHMEIER, den Aktivitéitsbericht an de Caissier, Rudy WEBER, de Finanzbericht vun dësem Joer virgedroen.

Uschléissend huet d’Gaby SCHAUL-FONCK (Vertriederin vum LCGB-Südbezierk) de Comitésmembere fir hier gutt Aarbecht Merci gesot an op d’Wichtegkeet vun de Sozialwahle vum 12. Mäerz 2019 higewisen. Dono goufen nach eng Rei Membere fir hier laangjäreg an trei Memberschaft am LCGB geéiert an den LCGB-Generalsekretär Francis LOMEL, huet ofschléissend ee Referat iwwert aktuell gewerkschaftlech Theme gehalen.

Retourner vers la liste