37. Quetschefest vun der LCGB-Sektioun Gemeng Suessem

Den 16. September 2018 huet déi 37. Editioun vum Quetschefest vun der LCGB-Sektioun Gemeng Suessem an der Hal Polyvalent zu Suessem stattfonnt.

Eng gutt 100 Leit hunn sech dëse Mëtteg getraff an hunn bei engem gudden Iessen e puer flott Stonnen zesumme verbruecht. No dem Iessen ass et dann direkt weider gaange mat flotter Animatioun vum Rol GIRRES.

Retourner vers la liste