Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Dikrech

Sonndes, den 17. Abrëll 2016 huet d’Generalversammlung vum LCGB senger Lokalsektioun Dikrech am Restaurant „Beau Séjour“ stattfonnt.

D’Presidentin vun der Sektioun, Anita NICKTS konnt sech iwwert déi gutt Bedeelegung vun gutt 40 Memberen an Éieregäscht freeën.

No dem Aktivitéits a Keessebericht vum Joer 2015 huet den LCGB-Nationalpresident Patrick DURY een Referat iwwert gewerkschaftlech Themen gehalen, déi uwiesend Memberen konnten him dono nach Froen stellen iwwert dem LCGB seng nei Servicer.

Retourner vers la liste