Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Gemeng Suessem

Den 4. Mäerz 2016 huet d’Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Gemeng Suessem am Parhaus zu Bieles stattfonnt. Eng gutt 80 Léit hunn dësen Owend deelgeholl an e puer gemittlech Stonnen bei enger flotter Generalversammlung verbruecht.

Den LCGB-Generalsekretär Francis LOMEL huet dësen Owend een Referat iwwert aktuell gewerkschaftlech an sozialpolitesch Themen gehalen.

Ausserdeem goufen 39 Memberen fir hier trei a laangjäreg Memberschaft am LCGB ausgezeechent. E groussen Merci un déi ganz Sektioun Gemeng Suessem fir hier gutt Aarbecht.

Retourner vers la liste