Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Eischen

Déi desjähreg Generalversammlung ass mat der Begréissung an der Leedung vum Sektiounspresident Patrick DECKER opgema ginn, duerno huet den Sektiounssekretär Fernand GAASCH den Aktivitéitsbericht vum vergaangenen Joer virgedro.

D‘Sektiounskässiere Sylvie LOMMEL-RIEFF huet den Keessebericht virgedro, den duerno vun den Keesserevisoren Benno JANSE an Yvan LOMMEL guttgeheescht gouf.

  • Fir 20 Joer goufen d’Madame Annette SCHMIT an den Herr Alex HEINTZ geéiert.
  • Fir 40 Joer gouf den Herr Jos SMIKOWSKI an den Herr Roby FREYMANN geéiert.

Nodeems den LCGB-Südbezirkspresident Fernand SEYLER an den Buergermeeschter vun der Gemeng Habscht Serge HOFFMANN e puer Wuert un Versammlung gericht haten, huet den Haaptriedner, eisen LCGB-Nationalpresident Patrick DURY säin Referat vum Owend gehal.

Des Generalversammlung ass mat 65 Leit bei eng Owendiessen an engem gudden Patt gemittlech op en Enn gaang.

Retourner vers la liste