Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Diddeleng

Den 7. Mäerz 2019 war d’Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Diddeleng am Centre Hild, wou eng ronn 65 Memberen zesummefonnt hunn.

No dem Aktivitéits- a Keesebericht vum Joer 2018 sinn nach eng Rei Membere fir hier laangjäreg Memberschaft am LCGB geéiert ginn. Ofschléissend huet den LCGB-Nationalpresident Patrick DURY ee Virtrag iwwert aktuell gewerkschaftlech Theme gehalen an ass virun allem op d’Sozialwahle vum 12. Mäerz 2019 agaangen.

Retourner vers la liste