Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Uelzecht/Sirdall

Den 10. Abrëll 2018 huet d’Generalversammlung vun der Lokalsektioun Uelzecht/Sirdall am Restaurant Delicious zu Sandweiler stattfonnt. No der Begréissungsried vum Sektiounspresident, Aloyse KOERNER, huet de Sekretär a Caissier, Claude PLACHUTA, den Aktivitéits- a Keesebericht virgedroen.

Uschléissend huet den LCGB-Generalsekretär, Francis LOMEL eng Ried iwwert aktuell gewerkschaftlech Theme gehalen.

D’Generalversammlung gouf mat engem gemeinsamen Iessen ofgeschloss.

Retourner vers la liste