35. Schluechtfest vun der LCGB-Sektioun Gemeng Suessem

Den 15. Januar 2017 huet dat 35. Schluechtfest vun der Sektioun Gemeng Suessem stattfonnt. Bei enger gudder Choucroute als Mëttegiessen hunn sech ronn 140 Leit afonnt fir zesummen e flotten Nomëtteg ze verbréngen.

No dem Iessen ass nach fir flott Animatioun gesuergt ginn. Deen groussen Erfolleg vun dësem 35. Schluechtfest encouragéiert d’LCGB-Sektioun Gemeng Suessem fir weider Aktivitéiten ze organiséieren.

Retourner vers la liste