Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Beetebuerg

Freides, den 18. November 2016 huet déi desjähreg Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Beetebuerg am Veräinshaus zu Beetebuerg stattfonnt. Den Sektiounspresident Pit KOPP huet déi ronn 40 uwiesend Memberen dësen Owend an enger gemittlecher Atmosphäre begréisst.

Duerno huet d’Sekretärin Marianne STEHMEIER den Aktivitéitsbericht vun dësem Joer virgedroen an dono war de Caissier Rudy WEBER mat dem Finanzbericht drun.

No de Virträg vun de Comitésmemberen huet de President vum Bezierk Süden, Fernand SEYLER, de Comitésmembere fir hier gutt Aarbecht Merci gesot.

Den LCGB-Nationalpresident, den dësen Owend als LCGB-Riedner uwiesend war, huet ee Referat iwwert d’Changementer an de Wuesstem an der Lëtzebuerger Wirtschaft gehalen.

No dem Referat konnten déi uwiesend Membere ganz vill Froen iwwert den LCGB an seng verschidde Servicer stellen.

Retourner vers la liste