Den 1.Mee vum LCGB zu Diddeleng

Divers - 03/05/10
1f67efc4852ed1cdc65f02aa0c26a38d987de17a.jpg.thumb
1.800 Memberen a Net-Memberen, Militanten a Sympathisanten hunn den LCGB op senger 1.Mee-Manif zu Diddeleng ënnerstëtzt. Am Mëttelpunkt stoung d'1.Mee-Ried vum Nationalpresident Robert Weber - hei nach emol fir nozeliesen

 

D'Ried vum Robert WEBER op pdf

 

(Et zielt daat geschwaate Wuert)

Léif Kolleginnen a Kollegen,

Mir erliewen de Moment nei Zäiten an et sinn virum allem haart Zäiten!

Mir hunn am September 2008 di gréissten Finanzkris op der Welt zanter 80 Joeren erliewt. Hei huet d'Politik missten massiv agräifen fir d'Finanzinstituter ze stäipen. Rieseg Geldsommen sin flësseg gemaat ginn fir de Finanzinstituter an domatt de Leit awer och de Betrieber ze hëllefen. Et huet nët laang gedauert an d'Finanzkris huet eng Wirtschaftskris no sëch gezunn. Grouss Konjunkturprogrammer sinn dunn definéiert ginn fir de Betrieber an domatt den Arbechtsplaatzen an de Leit ze hëllefen.
All daat as och nët laanscht Lëtzebuerg gaang.


Léif Kolleginnen a Kollegen,

Weltwäit as d'Wirtschaftwuesstum vun 5,1% am Joer 2007 op 3,1% am Joer 2008 gefall. 2009 as dës Chute virun gaangen op 1,5%. An der EU war de PIB 2007 nach bei 2,9%. Am Joer 2008 as den PIB op 0,8% gefall an 2009 as den PIB nach eng Kéier em 4,1% zréckgaang.

D'Weltbevölkerung mëcht haut schätzungsweis 6,8 Milliarden Mënschen. Dovunner liewen ronn 500 Milliounen Mënschen an der EU, daat sin 7,35% vun der Weltbevölkerung.
Weltwäit liewen 1,4 Milliarden Mënschen an der Aarmut. Daat as ¼ vun der Weltbevölkerung.
An der EU liewen ongeféier 80 Milliounen Mënschen an der Aarmut. Daat sin 17% vun der Bevölkerung an der EU.
Weltwäit liewen ongeféiert 1 Milliard Kanner, d.h. 1 Kand vun 2 op der Welt, a Familljen déi iwwert manner wéi 1,25$ pro Daag verfügen.

An der EU liewt praktesch all 5. Kand an Aarmut. 19 Milliounen Kanner liewen also an Familljen, déi iwwert manner wéi 60% vum mëttleren Akommes an hirem Land verfügen.
Aarmut an der 3. an an der 4. Welt heescht elo nach eppes aanescht wéi Aarmut an der EU.

Dofir as et och eng regelrecht dreckeg Politik wann elo eng Partei wéi den ADR zu Lëtzebuerg virschléit fir d'Fongen fir d‘Entwécklungshëllef ze kierzen. Mamm LCGB as daat jiddenfalls nët ze maachen. E chrëschtlechen Gewerkschaftler kann sech nët domadder offannen, dass mir eis Problemer léisen op Käschte vun Mënschen oder Kanner déi nët wëssen ob se den Daag eppes ze iessen oder proppert Waasser ze drénken hunn.
Esou eng ekeleg Politik därf och eng Kris bei eis nët provozéieren.

Vun September 2008 bis Enn September 2009 sinn weltwäit iwwert 20 Milliounen Aarbechtsplaatzen verluer gaang. Eleng an der EU sinn zanter Mäerz 2008 wäit iwwert 6 Milliounen Aarbechtsplaatzen ewechgefall.
Enn 2009 sinn an der EU iwwert 23 Miliounen Fraen a Männer aarbechtslos. An en Enn as nach laang nët a Siicht. Eng Wirtschaftskris bréngt ëmmer eng Kris op den Aarbechtsmaart matt sëch a no sëch.

Niewt den Aarbechtslosenzuelen geet och den Undeel vun Arbeitnehmer a prekären Aarbechtsverhältnisser erop. Mënschen matt befristeten Aarbechtsverträg, Deelzäitjobs, Schäinselbstänneger ... etc sinn oft aarm obschons si eng Aarbecht hunn.
A prekären Aarbechtsverhältnisser sinn weltwäit méi wi d'Hallschend vun allen Arbeitnehmer. An der EU sinn daat 108 Milliounen Mënschen oder 45% vun der Aarbechtskraaft.

Léif Kolleginnen a Kollegen,

D'Finanz- and d'Wirtschaftskris huet schons vill ze vill Aarbechtsplaatzen an domatt d'Existenz an d'Zukunft vun villen Mënschen op d'Spill gesaat. Joerzéngtelaang Dereguléierung an die regelrecht Gurmangsechkeet vun enger Minoritéit hunn d'ganz Welt an eng déif Rezessioun gestirzt.
Di kuerzfristeg Profitmaximéierung, daat Wirtschaftswuesstum ouni eng laangfristeg Wertsteigerung geet weltwäit zu Laaschten vun den Arbeitnehmer.
Di Räich sinn méi räich ginn, an di Aarm sinn méi aarm ginn! Vill Mënschen sinn an der Zwëschenzäit aus den Statistiken erausgefall. Daat sinn dann elo di anonym Aarbechtsloos oder Aarm.

Aarmut, Aarmutsrisiko a sozial Ausgrenzung, daat sinn haut di geféierlechst Gëftstoffer an eiser Gesellschaft.
Fir di chrëschtlech Gewerkschaften as Aarbecht e Grondwert. Aarbecht huet eppes matt Mënschewürd ze dinn. Di chrëschtlech Sozialléier stellt d'Aarbecht virun d'Kapital. D'Bedeitung vun der Aarbecht geet also iwwert daat rengt Ökonomescht eraus. Waat heescht daat „Aarbecht huet Virrang virum Kapital"? Daat heescht ganz einfach, dass d'Situatioun vum Arbeitnehmer, den ech beschäftegen, méi wichteg as wéi d'Steigerung vum Profit. All Mënschen mussen iwwert eng Aarbecht verfügen, déi et hinnen erméiglecht e Liewen a Würd, a Stolz ze féieren fir domadder hir an hirer Famill hir Grondbedürfnisser erfëllen ze kënnen.
D'Aarbecht kann an däerf also nët e rengen ökonomeschen Wert sinn, e Käschtefaktor.
All Beméihungen fir d'Wirtschaft erëm unzekuerbelen, fir méi Wirtschaftswuesstum ze schaafen, muss als Ziel hunn mënschwürdeg Aarbechtsplaatzen ze schaafen.
Lëtzebuerg as sëcherlech keng Insel an der Welt. All di positiv, awer och all di negativ Stréimungen an der Welt erliewen mir och. Mir sinn nët verschount bliwwen vun der Finanzkris! Mir sinn nët verschount bliwwen vun der Wirtschaftskris. Am Finanzsektor zu Lëtzebuerg sinn vill Sozialpläng gemaat ginn. Laut de rezentesten Informatiounen vum Comité de conjoncture sinn eleng am Bankesekteur bannen 1 ½ Joer 990 Aarbechtsplaatzen verluer gaang.
D'Bilanz Sommen vun de Banken sinn 11,4% gefall, d'Bilanz Sommen vun de Finanzinstituter sinn em 11,3% gefall, d'Bilanz-Sommen vun den OPC sinn ëm 11,2% gefall Daat heescht, eiser Finanzplaatz geet et nët gudd. Daat heescht awer och, dass manner Steieren an eise Staatsbudget fléissen. En Enn vun dësem Trend as nët ofzegesinn.
Vun eisen Industriebetrieber hunn am Joer 2009 ronn 1.300 Betrieber (am Kumul) Kuerzaarbecht gemaat, an dovunn waren ronn 66.000 Arbeitnehmer betraff. De Chômage as op iwwert 15.000 Demandeurs d'emploi geklomm. Daat heescht, manner Akommes fir déi Leit, awer och manner Steieren fir den Staatsbudget a manner Sozialkotisatiounen fir eis Krankekeesen an Pensiounskeesen.
Am Joer 2009 sinn an eisem Land iwwert 22.000 Frontalier'en entlooss ginn. Déi sinn nët an eisen Statistiken. Hiert Schicksal as dem LCGB awer nët egal.
Am Joer 2009 sinn ronn 4.000 Leit aus der Chômage-Indemniséierung erausgefall. Mir hunn bis haut nach keng Léisung fir si.
Domadder schléisst den Däiwelskrees sech aus dem eng handfest Kris gemaat as: Di schlecht wirtschaftlech Situatioun, de Chômage, d'Kuerzaarbecht, manner Steieren a manner Sozialbeiträg bréngen manner Recetten an eisen Staatsbudget an an eis Sécurité Sociale bei kontinuéierlech steigenden Ausgaben. An domadder kritt den Finanzminister Luc Frieden d'Enner nët méi zesummen. De Staatsbudget kennt e Lach, en Defizit vun 2 Milliarden Euro.

Léif Kolleginnen a Kollegen,

Daat as den Hannergrond vun der Tripartite.
Do derbäi kënnt den internationalen Drock vun den Finanzmäert, virun allem op Länner aus der Euro-Zone. Griechenland war firdéischt um Tour, elo kommen Portugal a Spuenien derbäi. Maar sinn Länner wi d'Belge, Italien, Irland asw. am Viséier. Hei braut sech keng Bloos zesummen, déi platze kann, hei baut sech eng regelrecht Bomm op, déi explodéiere kann. Eleng Spuenien as di 4. gréisst Vollékswirtschaft aus der Euro-Zone an hei wäert et nët matt e puer Milliarden Euro, déi mussen geléint ginn, duergoen. (Vläicht jhust um Rand erwähnt, déi Länner, déi hëllefen mussen, sinn selwer déck verschëld a mussen sech weiderverschëlden fir ze hëllefen.)
Och d'Bankekris as nach ëmmer nët eriwwer. D'Ursaachen vun der Finanzkris sinn bis haut nach nët behuewen. Di grouss Länner dinn sech matt engem internationalen Reguléierungssystem schwéier. Eng Bankenabgab as nach nët iwwert de Stadium vun der Iddi eraus.
Di privat Leit, méi och d'Wirtschaft, virun allem d'Realwirtschaft, hunn un dëser Instabilitéit an Onsecherheet keen Interessi.
Mee, mol eng Fro un Iech:
Fand Dir et normal, dass ouni Rücksicht op Efforen vun de griecheschen Bierger - wéi grouss Paien- an Rentekierzungen - well drop lass spekuléiert gët fir dëst Land an de Ruin ze dreiwen?
Esou Machenschaften nennen ech regelrecht kriminel. Daat sinn Auswucherungen vum Kapitalismus, déi ganz einfach verbuede missten sinn.
A ween mëcht daat?
Den LCGB huet zanter Méint gesoot, dass mir an enger Kris stiechen. Den LCGB as hei matt der Analyse vun der Regierung averstaanen.
An domadder ënnerscheeden mir eis och vun deenen aaneren Gewerkschaften.
Mir maachen eng grave Kris duerch an d'Geforen fir d'Zukunft sinn gewalteg. Den LCGB as di eenzeg Gewerkschaft, déi dës Analyse matt der Regierung deelt. An awer hunn d'Gewerkschaften an der Tripartite nët d'Dier geklaackt. Mir hunn a bilateralen Bipartite-Gespréicher während Stonnen a Stonnen all Proposen vun der Regierung duerchverhandelt.
Mir hunn gesoot wou mir Problemer hätten a mir hunn gesoot wou mir eng Akzeptanz hätten. Jo, mir hunn och däitlech gesoot, wou mir nët averstaanen sinn.

Léif Kolleginnen a Kollegen,

Jo, mir hunn beim Index kloer an däitlech gesoot, dass mir hei nët averstaanen wieren. Mir hunn dësen Blockage argumentéiert. Mir hunn es saat, dass an dësem Land zanter 30 Joer elo e permanenten Index-Krich gefouert gët. Mir waren 2006 averstaan fir den Index ze moduléieren. Mir hunn an deenen leschten 30 Joer permanent a vill an eisen Index-System intervenéiert. Mir hunn am Wuerekuerf intervenéiert, mir hunn Präishaussen neutraliséiert, mir hunn speziell Taxen oder Abgaben indexneutraliséiert. Dorophinn huet den Nationalkongress vum LCGB am November 2009 décidéiert, dass um Index näischt däerf geschéien.
Dem LCGB séng Haltung as glaskloer!
D'Patron'en hunn 2005 fir d'éischt d'Iddi vun engem sozialen Index bei 1,5 x salaire social minimum lancéiert. An elo geet den ganzen Zirkus erëm lass.
Ech weess och, dass et populär as den Index ze deckelen. An ech weess, dass ech mer elo de Virworf gefaalen muss loossen, ech ging di déck Peien schützen. Ech muss domadder liewen.
Wann een den Index eleng op di egoistesch Gefiller reduzéiert, da kann een esou denken. De Problem Index as awer e wéineg méi komplizéiert wéi eng Deckelung.
Iwwerhaapt, den LCGB huet virun 25 Joer schons eng eenheetlech oder eng maximal Indextranche gefuedert. Mir hunn allerdings ëmmer eng Deckelung beim plafond cotisable gesinn.
Dem LCGB séng stuer Haltung beim Index, dem LCGB séng Décisioun op séngem leschten Nationalkongress hänkt direkt matt der sturer Haltung vun de Patron'en aus der UEL zesummen. Zanter Joeren blockéieren si all Sozialdialog. Si wëllen nëmmen ofbauen, nët opbauen!

Léif Kolleginnen a Kollegen,

Ech woen ze behaapten, wann den Index elo manipuléiert gët, dann as daat den Ufank vum Enn. Daat bréngt eng nei Gewerkschaftskultur an eist Land. Index heescht soziale Fridden. Ech kennen keen Betrieb, den mir an deenen leschten 30 Joeren futti bestreikt hätten. Keen Index heescht Ausernaanersetzungen a Sträit an eisen Betrieber. Dann mussen all Pei-Erhéijungen erstridden ginn an nët méi verhandelt ginn. Do wou d'Gewerkschaften staark a vertrueden sinn ginn d'Peien dann erop, do wou d'Gewerkschaften nët vertrueden sinn, do bleiwen d'Peien stoen. D'Auswirkungen op eis Vollékswirtschaft, op eis Sécurité Sociale, op Mindestloun an Rentenajustement, op daat Verdeelen vum erwirtschafteten Kuch wäerten sech schons no kuerzer Zäit bemierkbar maachen. Eist Land an séng Leit wäerten hiren Liewensstandard no ënnen upassen mussen.
Ech wëll keen Sträit an eis Betrieber!
Mee, ech hunn keng Angscht virum Sträit matt der UEL!
Dofir kämpfen ech fir eisen Index-System, well ech keen Sträit an eise Betrieber wëll.
Ech hoffen, Dir verstidd dës Haltung,
Ech hoffen, Dir akzeptéiert dës Haltung,
Ech sinn iwwerzeegt, Dir begleet dës Haltung.

Léif Leit,

A ménger déifster Iwwerzeegung weess ech, dass eisen Index-System och nach di leschten Brems fir d'Präisspiral as. Den Index bremst d'Inflatioun. As dës Brems nët méi do, dann hu mer näischt méi fir eis Präisser oder d'Margen ze stoppen. Präiskontrollen gët et schons laang nët méi.

Dir Dammen an Dir Häeren,
Léif Kolleginnen a Kollegen,

D'Patron'en hunn vun der éischter Tripartite-Sitzung un nëmmen Beton gemaat. Si schloen en neien Sozialpakt vir. Fir si as d'Kris eleng e Käschtefakteur, nämlech
- e verluerent Wirtschaftswuesstum,
- e chômage, den an d'Luucht geet,
- Aarbechtsplaatzen, déi nët geschaaf goufen,
- en öffentlechen Defizit, den zouhëllt.
Et kléngt ewéi en Hohn, wann ech daat Gekräisch vun den Patron'en héieren iwwert eise Rentesystem. Si faalen a schwéier Tréinen wann si vun der Rentemauer schwäetzen. Natiirlech wëllen si eise Rentesystem retten. Mee, dës Rettung kënnt mir vill méi fir wéi wann ech engem, den erdréngt, e Betongsklotz ging zouwäerfen statt e Rettungsreef.
Et kléngt dach wéi eng regelrecht Farce, wann ech der UEL hir Thesen liesen fir d'Erhaalung vun eisem Sozialsystem. Eisen Sozialsystem kann erhaalen ginn wa mer en ofbauen!
D'Krankekeesen, déi sanéiere mer wa mer d'Käschten vum Personal erofsetzen. Vun den Dokteschhonorairen schwätzt d'UEL kee Wuert. Et gräift een jo och nët séngem Kolleg an de Frack.
Firwaat gi mir matt den Patron'en an der Tripartite nët eens?

Sidd Dir averstaan matt Fuederungen wéi:

1. e Moratoire vum Index während 2 Joer.

2. den SSM op séngem jëtzege Niveau haalen.

3. fir 0% an de KV an deenen nächsten Joeren.

4. 0% Erhéijung vun den Sozialkäschten fir d'Betrieber bei de Krankekeesen a bei den Pensiounskeesen.

5. Mir sollen bis 56 Stonnen/Woch schaffen, daat heescht dann Flexibilitéit vun der Aarbecht.

6. D'Referenzperioden fir ze schaffen sollen op 6 Méint, respektiv 1 Joer ausgedehnt ginn.

7. D'Chômage-Indemniséierung soll degressiv ofgebaut ginn.

8. Den Zougang zum RMG soll erschwéiert ginn.

9. Bei Betrieber a Schwieregkeeten sollen d'Arbeitnehmer Lounreduktiounen akzeptéieren.

10. D'Proufzäiten an den Aarbechtsverträg sollen verlängert ginn.

11. Méi Zäitverträg (CDD).

12. De Kënnegungsschutz muss opgelackert ginn. Selbstverständlech gehéiert zu dësen 12 Punkten en 13., nämlech

13. Keng supplementär Steierlaascht fir d'Betrieber.

Ech hätt elo gäeren wann d'Leit am Land sech géifen mindestens esou vill Gedanken iwwert eis Patronsfuederungen maachen wéi iwwert d'Propositiounen vun der Regierung fir den Defizit vun eisen öffentlechen Finanzen ze bekämpfen.
Ech wär frou, wann RTL ging op hirem Internet-Site jiddferengem ausrechnen waat déi Fuederungen 1 bis 13 vun de Patron'en fir de Portemonnaie vun de Leit bedeit. Mir kéinten jo als Basis den KV un RTL huelen.
Och wäer et nët schlecht, niewt der Deckelung vum Index, iwwert d'Fuederungen vun de Patron'en nozedenken an iwwert d'Spuer- a Steiermossnahmen vun der Regierung. An der Tripartite sëtzen 3 Partner, nët eleng d'Gewerkschaften.

 
Léif Leit,
Léif Kolleginnen a Kollegen,

Et geet elo duer, et geet elo déck duer,
Mir sinn keng Aarbechtsschwäin!
Mir sinn Mënschen!
D'Wirtschaft as fir eis do!
Mir hunn dës Kris grad ewéi aanerer virdrun nët verschëld!
Mir hunn vun 2006 un Effort'en gemaat:
- Index-Modulatioun während 4 Joeren,
- Ajustemen-Modulatioun während 4 Joeren,
- Desindexéierung vun Sozialleeschtungen.
Dir Häeren Patron'en, Dir hutt während dëse 4 Joeren de Chômage zu Lëtzebuerg kontinuéierlech eropgesaat, Dir hutt matt System keng Leit vum Lëtzebuerger Aarbechtsmaart agestallt.
Dir hutt all Sozialdialog duerch eng maximalistesch Patronshaltung onméiglech gemaat.
Dir wëllt elo, dass d'ganzt Land soll bludden fir iech. Äer Klass huet während Joeren d'Welt an Aarmut gestierzt. Äer Klass huet d'Politik während Joerzéngten erpresst fir all sozial Barrieren ofzebauen, fir all soziale Schutz vun den Arbeitnehmer futti ze maachen. Äer Klass huet an Europa, dem räichsten Kontinent op der Welt, Aarmut provozéiert. Dir wëllt di Kleng kleng haalen an di Déck nach méi déck maachen. Dir erpresst permanent Staaten matt wirtscharftlechen Delokalisatiounen. Dir wëllt ëmmer manner Steiren an méi staatlech Hëllefen. Dir sidd regelrecht onverschimmt an eisen Gesellschaften. Zanter Joerzingten gët an der EU eng absolut liberal Politik gemaat. Rücksichtslos as all sozial Stabilitéit futti gemaat ginn. Dir hutt d'Gewerkschaften geschwächt andeems Dir d'Arbeitnehmerschaft matt Aarbecht oder Aarbechtslosegkeet erpresst hutt. Dir hutt d'Spill matt der Angscht vun de Leit gemaat. An elo wëllt Dir monter weiderfuehren.
Äre Message un d'Tripartite: Gitt eis méi Geld, manner Käschten, mir léisen all Äer Problemer.
Daat as den absoluten Liberalismus, den d'Welt 2008 an di grouss Katastroph gefouert huet. Matt der Finanz- an der Wirtschaftskris war Der matt Äerem Latein um Enn. D'Wirtschaft huet näischt méi regléiert. Dir hutt d'Politik gebraucht fir d'Finanzsystemer ze retten. Dir hutt d'Politik gebraucht fir matt Konjunkturprogrammen d'Wirtschaft ze stäipen.
Dausende vu Leit hunn hir Aarbecht verluer, hunn vill Pei verluer an der Kuerzaarbecht. Dausende vu Mënschen hunn hir Existenz verluer an eng Perspektiv fir d'Zukunft.
An da kommt Dir elo als grouss Retter der Nation a verlaangt d'Arbeitnehmerschaft an d'Rentner missten de Rimm méi enk zéien. D'Staaten hunn sech verschëld fir Iech ze retten a mir bezuehlen all Mount brav eis Steieren. Fir eis as Kris, fir Iech anscheinend nët. Wou sinn di Bénéficer aus dem vergaangen Joerzingt higefloss? Nët an d'Tesch vun den Arbeitnehmer: eis KV waren moderat, eis Ajustementer waren moderat.
Mir kréien méi Steieren opgedrummt, mir schaffen vill a flexibel. Mir sinn bereet, eisen Effort ze maachen, wou bleit Äeren Effort? Matt Fuederungen wéi méi niddreg Steieren, méi staatlech Hëllef, keng Erhéijung vun den sozial Cotisatiounen verfeelt Dir Äer sozial Responsabilitéit. Et as en Hohn, dass Dir dës Wieder iwwerhaapt an de Mond huelt. Gottseidank gët et an de Betrieber Patron'en déi aanescht denken wéi d'Führung an der UEL. Gottseidank gët et och Patron'en matt engem Häerz an nët matt engem Pavé-Steen wéi Dir.
Matt der ganzer Hysterie géint den Absentéismuss hutt Dir eng regelrecht Hetzjuegd géint d'Arbeitnehmerschaft lancéiert. Etuden weisen eis, dass de Phänomen „Absentéismus" nët aus der Normalitéit erausgerutscht as.
Bei der Fro vun der Mattbestëmmung sidd Der géint eng Reform. Dir wëllt am léiwsten dës lästesch Grondregelen vun Demokratie an de Betrieber ofschaafen. Nët fir näischt sidd Dir permanent amgaang an de Betrieber d'Personalvertrieder ze kontrolléieren, ze direngelen an via Prozesser an hirer Aufgab regelrecht un de Strang ze léen.
Et war den LCGB, den an der Tripartite fir en eenheetlechen Taux bei der Assurance Accident plaidéiert huet. Dir waart dergéingt. Mamm eenheetlechen taux de cotisation geet d'Belaaschtung vun villen Kleng- a Mëttelbetrieber erof a gréisser Betrieber - wéi d'Banken - mussen minimal méi bezuehlen. As daat nët méi Kompetitivitéit? Firwaat sidd Der hei géint méi Kompetitivitéit? Äer Politik as regelrecht onglaawwierdeg an onseriös.
An Der wësst jo ganz genee, dass no der Tripartite eng Debatt iwwert d'Sanéierung vun den Krankekeesen an d'Haus steet.
Do hu Der schons an der Tripartite selwer permanent gesoot, Dir wäert nët bereet fir d'Krankekeesenkotisatiounen eropzesetzen. Dir wësst, dass matt dëser Haltung de Bierger eleng d'Paan muss klaacken, virun allem de kranke Bierger.
An Dir wësst och, dass Debatt iwwert eisen Pensiounssystem an der 2. Hallschend 2010 um Programm steet. Hei braut sëch nët vill Guddes zesummen. Dofir baut Der elo schons fir a riicht Äere Beton op. D'Alternativen vun de Gewerkschaften sinn fir Iech elo schons keen Thema. Daat kënnt a 6 Méint!

Léif Leit,

D'Tripartite as en Dënschdeg vum Staatsminister opgehuewen ginn. Et koum keen Accord zustaan.
Et war vun Ufank un kloer, dass matt de Patron'en keen Accord ze fannen wär. Wann een di sozial Behandlung vun deenen Leit, déi hir Aarbecht verluer hunn, ofleent an demgéintiwwer eng reng wirtschaftlech Behandlung vun den Chômeuren verlaangt, da kann een mam beschten Wëllen keen Accord erwaarden.
Mir ginn also nët zréck un den Tripartite-Dësch, matt Ausnahm wann den Staatsminister eis rifft!
Mir waarden elo drop, waat den Staatsminister en Dënschdeg an der Chamber deklaréiert.
Ech widderhuelen, den LCGB as averstaan fir keng exzessiv Verscholdungspolitik ze maachen. 30% Schold vum PIB am Joer 2014 muss eng Grenz sinn. Mir wëllen nët eise Kanner eng Scholdelaascht hannerloossen, wou si bludde mussen fir dës Schold zréckzebezuehlen.

Léif Kolleginnen a Kollegen,

An der Tripartite gouf et nët nëmmen Sträit tëschent de Sozialpartner. D'Regierung huet nët grad e Bild vu Geschlossenheet vun sëch ginn. Di sozialistesch Ränkespiller hunn vill Duercherneen gemaat. Eis Sozialisten sinn regelrecht SOZIAL krank. Ech weess nët waat di Wahnvirstellung soll fir der CSV permanent de Rank vum méi soziale Partner streideg ze maachen?

Häer Gesondheetsminister, antplaaz Testosteron, gitt deene Leit dach emol Temesta!
An dann, erlaabt mer et kloer an däitlech ze soen: Maacht dach Äere parteipoliteschen internen Bordell hannert Äeren eegenen Diren oder an der Maison du Peuple zu Esch.
De Lux as frustréiert, dass hien nët méi an der Regierung as, de Schmit, dee seet um Asselborn séngem Stull an de Krecké weess nët méi wou séng wirklech Parteiheemescht as.
Dir wëllt vläicht sozial sinn, mee Dir mëssbraucht e Land, Dir mëssbraucht eng Tripartite fir Äer intern Problemer, fir Är Frustratiounen lass ze ginn, fir Äer perséinlech Muechtusprëch.
Ech behaapten elo mol ganz einfach, dass Dir et waart déi d‘Tripartite ausserneen fléien gelooss hutt. Daat as nët SOZIAL!
Dir hutt zu der méi sozialer Ausriichtung vun Moossnahmen, déi um Dësch lungen, näischt bäigedroen. Di sozial Verbesserungen sinn vun den Gewerkschaften gemaat ginn! An och wann d'Land e falscht Bild vun den Gewerkschaften an der Tripartite kritt huet, esou akzeptéiert den LCGB nët, dass Dir Iech matt Plommen berëscht, déi Iech nët zoustinn. Äert Verhaalen as alles aanescht wéi kollegial, matt sozial huet daat näischt ze ginn. Et as einfach onseriös!

Léif Kolleginnen a Kollegen,

Zum Schluss wëll ech Iech alleguerten e grousse Merci soen. Mir hunn haut hei zu Diddeléng matt Manifestanten fir eng sozial Sortie aus der Kris a fir den Index-System démonstréiert.

D'Organisatioun vun esou engem 1. Mee Meeting as ëmmer eng grouss Erausfuederung a fir dës Aarbecht wëll ech dem Buergermeeschter vun der Gemeng Diddeléng matt séngem Schöffen- a Gemengerot Merci soen grad wéi de Leit aus den kommunalen Servicer.

Ech soen Merci de Muséksgesellschaften, der Police, der Protection Civile, der LCGB-Sektioun vun Diddeléng matt un der Spëtzt hirem President, dem Dunkels Heng, den Nopesch LCGB-Sektiounen an zu gudder Lescht dem Bezirkspresident Jos Foeller an dem Bezirkssekretär, dem Fränz Lomel, matt hiren Equipen a speziell der Montageequipe vum LCGB, dem Jaerlings Jos matt sénge Leit.
Den 1. Mee as eisen Dag!

Den LCGB gëtt Iech Rendez-vous spéitstens den 1. Mee 2011.

Ech soen Merci an ech wënschen nach jiddferengem
e schéinen Daag, e schéinen 1. Mee 2010.
Vive den 1. Mee 2010!
Vive den LCGB!