Bingoowend vun der LCGB-Sektioun Stausee

Den 23. Abrëll 2016 huet den traditionellen Bingoowend vun der LCGB-Sektioun Stausee am Veräinshaus zu Harel stattfonnt.

Dëst Joer hunn eng 130 Léit de Wee bis op Harel fonnt – en neien Rekord! Den Sektiounspresident Erny KOEUNE an den Arsène WEBER konnten sech iwwert den enormen Zoulaf freeën.

D’Sektiounsmemberen an d’Invitéen konnten bei engem gudde Bréitchen an flotter Musik e puer gemittlech Stonnen bei engem top organiséiertem Bingoowend verbréngen.

Retourner vers la liste