Petitioun Nr. 728 – “GRATIS ëffentlechen Transport OCH fir Studenten”

Aktuell kënne Lëtzebuerger Schüler um Territoire vum Grand-Duché den ëffentlechen Transport zu all Moment gratis benotzen, sief et fir de Schoultrajet ewéi och am Privaten. Den LCGB-LCGJ (Jugend vum LCGB) fuerdert dat selwecht Rescht OCH fir all d’Studenten déi hei zu Lëtzebuerg studéiren.

Ënnerschreif och DU online
Den Wuertlaut vun der Petitioun:
„D’Lëtzebuerger Regierung gëtt vill Suen aus, fir aus der Uni.lu eng Universitéit vu Renommée ze maachen, déi wéit iwwert d’Landesgrenze bekannt soll ginn, a vergësst am selwechten Otemzuch awer d’Interête vun de Studenten, déi sech dagdeeglech an d’Stadt oder op de Belval mussen deplacéieren. Speziell de Site Belval, am Süde vum Land, bedeit leider fir vill Studenten ee laangen Trajet vun Doheem aus an duerfir fuerdert den LCGB-LCGJ, dass een den Studenten zumindest dës finanzielle Charge eweghëllt an och hinnen de gratis Accès op den ëffentlechen Transport zousteet.

De LCGB-LCGJ huet genee dës Verbesserung vun der allgemenger Mobilitéit déi d’Schüler, déi hei zu Lëtzebuerg schonn accordéiert kruten, gutt geheescht, a fuerdert elo d’Extensioun vun dësem Rescht och fir Studenten. Well och d’Studenten, genee ewéi d’Schüler, hunn meeschtens nach keen eegene Verdéngscht.

Doriwwer eraus gëtt hei am Land vill fir d’Verbesserung vun der „Mobilitéit Douce“ am Sënn vun der Ëmwelt an der Verkéiersberouegung gemaach. An Deem Kontext géif de gratis Accès den ëffentlechen Transport fir Studente méi attraktiv maachen an déi aktuell Mobilitéitsustrengunge vun der Regierung.“

Zurück zur Übersicht